Blog
Kitzrettung mat der Dron mam LWV!
Een vun eise Memberen bidd sech un, fir den Asaz mat der Dron mat Wärmebildkamera moies fréi zwecks Kitzrettung virun der Mood an zur Wëllschwainprospektioun am Feldfudder an am Mais. 🦌🐗Dëst am ganze Land, an mat Schwéierpunkt Éisleck.Hien freet dofir eng Opwandsentschiedegung vun zirka 50 EUR. Fir d’Memberen vum LWV gëtt et eng Reduktioun vun 10%.Wann dir un sengem Service interesséiert sidd, dann mellt iech bei eis zB iwwer Messenger-Nooricht. Mir setzen iech dann mat him a Kontakt.A wéiwait déi Dron och bei der Wëldschuedestimatioun agesat kann ginn, bleiwt nach ze testen.
